Resumé vum Dag: t’ass e komescht Gefill. Virun allem dat, dass - TopicsExpress



          

Resumé vum Dag: t’ass e komescht Gefill. Virun allem dat, dass ech vu muer un net méi am Buttek schaffen. Oh mei, wat waren dat vill Tréinen de Moien... mee ech si jo net aus der Welt... . An Amerika kann ee vum Tellerwäscher zum Millionäre ginn, zu Lëtzebuerg dann vun derSchongverkeefesch zur Ministesch ;). Ech si gespaant op dat, wat mech erwaart. Ech freeë mech, matt kennen aktiv drun ze schaffen, d’Land weiderzebréngen. Ech freeë mech och op all di nei Leit, déi ech elo wäert kenneléieren. Di lescht Nuecht hunn ech genee eng Stonn geschlof. Sou ass dat wuel, wann ee virun engem neien Challenge steet. Ech hoffen, dass ech di nächst Nuecht méi schlofen, net dass ech muer beim Grand-Duc aschlofen. Ech komme leider net méi no mat Merci soen fir all är léif Gléckwënsch, dofir ass dëst dann emol e kollektive Merci.
Posted on: Tue, 03 Dec 2013 19:37:38 +0000

Recently Viewed Topics




© 2015