Dës Säit huet als Zil ons Mammesprooch ze förderen an Politiker - TopicsExpress



          

Dës Säit huet als Zil ons Mammesprooch ze förderen an Politiker fir déi kommend Walen drop opmierksam ze maachen, datt Lëtzebuergesch ëmmer manner geschriwwen an geschwat gëtt. Ëmmer méi gëtt Franséisch geschwat, op dat an den Geschäfter bei Iech am Duerf oder an der Staat ass, an den Kliniken, oder souguer an den Schoulen, respektive Lyçéeen oder sos enzwousch. Forderung vun eiser Mammesprooch soll net eis aner offiziell Sproochen Däitsch an Franséisch asetzen, mä Lëtzebuergesch méi am Alldag integréieren. Dat ass net nëmmen am Sënn vun den Lëtzebuerger ma géif och zu engem Besseren Versteesdemech tëschent Auslänner an Lëtzebuerger dozou bäidroen. Dofir sinn Reformen fälleg. Hoffen mir datt all ons Parteien sech dofir och asetzen wäerten. Stëmmt also zou wann dir averstanen sidd. Dir kennt och är Proposen eraschécken wéi een kéint Lëtzebuerger Sprooch ënnerstëtzen.
Posted on: Sun, 18 Aug 2013 16:10:45 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015