Resumé vum Dag : De Wahlkampf geet zu Arel lass : gëschter war - TopicsExpress



          

Resumé vum Dag : De Wahlkampf geet zu Arel lass : gëschter war d’CSV do, an haut fueren ech da mol mat menge Kollegen dohinner. Hat ech iech scho gesot, dass ech Arel ganz gär hunn ? Et ass eng agreabel kleng Stad, an där d’Commerçanten extrem vill Problemer hunn : wéinst de Grandes-surfaces ronderëm an och well extrem vill Frontalieren do liewen an hei schaffen (also dagsiwwer net do sinn) struewelen se nawell ferm. Am Restaurant Michelangelo zu Antibes däerfe keng Poussetten a Kannerkutsche méi eran : de Patron seet, bei him wéilten d’Leit a Rou iessen, a wann déi géingen eng Nounou bezuelen fir hir eege Kanner, da wéilten se net d’Gekraichs vun anere Kanner erdroe musse während dem iessen. Den Anti-Nobel Präis geet un franséisch Fuerscher, fir eng Etude déi bewisen huet, dass jee méi een drénkt, desto méi schéin ee sech fënnt. Dee Psychologie-Präis, dee vun der Uni vun Harvard 1991 an d’Liewe geruff gouf, geet all Joer u richteg Fuerscher, deenen hir Decouverten ee laachen doen. An ech wënschen iech, gutt vum Weekend ze profitéieren : e Méindeg wäert et sinn, wéi wann ni Vakanz war : gro a kill, de Bommeleeër ass dann nees do, de SREL an all seng (an der Regierung hir) Verwurreltheeten a ganz wichteg : d’Schoul geet nees un. Et war awer e flotte Summer, mat wierklech flottem Summerwieder.
Posted on: Fri, 13 Sep 2013 15:46:07 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015