Resumé vum Dag: Den amerikanesche Gittarist a Sänger J.J. Cale - TopicsExpress



          

Resumé vum Dag: Den amerikanesche Gittarist a Sänger J.J. Cale ass am Alter vu 74 Joer gestuerwen. Zu Paraiss ass emol nees en Auto ofgeschleeft ginn, wou e Kand dra geschlof huet: d’Mamm wollt d’Meedchen net erwächen, huet de Motor mat der Clim lafe gelooss an ass séier an d’FNAC gaangen. 10 Minutten drop war den Auto fort. An d’Kand dunn och. En Airbus A321, dee vu Paraiss op Beyrouth sollt fléien, ass vum Blëtz getraff ginn an huet mussen Demi-Tour maachen. Di schlecht Nouvelle ass, dass all Fliger anscheinend 1-2 Mol d’Joer vum Blëtz getraff gëtt. Di gutt Nouvelle ass, dass d’Fligeren esou gebaut sinn, dass dat normalerweis guer kee Problem ass. Op Twitter laacht d’Welt iwwert de François Hollande, well en d’Macédoine Macédonie genannt huet. An d’Critèren fir d’Cartes de séjour schéngen sech z’änneren: déi neuseelännesch Immigratiounsautoritéiten hunn engem Kach aus Südafrika eng nei Openthaltsgenehmegung refuséiert, obwuel hie schonn zanter 6 Joer am Land lieft a schafft. Grond: mat sengen 130 Kilo an engem BMI vun 40 géing e risquéieren, eng Laascht ze ginn fir de Gesondheetssystem. Ma dann, gudden Appetit an e schéine Sonndeg!
Posted on: Sat, 27 Jul 2013 15:28:44 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015