Zanter der Neioplo vun der CSV-LSAP-Koalitioun am Joer 2009 ass de - TopicsExpress



          

Zanter der Neioplo vun der CSV-LSAP-Koalitioun am Joer 2009 ass de Chômage ëm 30 Prozent an d’Lut gaangen! Responsabel fir deen Desaster ass zu engem gudden Deel d’LSAP, déi de Poste vum Aarbechtsminister assuréiert. Deen huet awer virun allem wéinst sengem grousse Verschläiss un Direktere bei der ADEM op sech opmierksam gemaach. Fir de Rescht ass de Chômage just verwalt, awer net bekämpft ginn. 2009 louch de Chômage-Taux bei 5,4 Prozent. Offiziell waren deemools 12.478 Residentë beim Aarbechtsamt ageschriwwen. Enn Juni 2013 louch de Chômage-Taux bei 6,9 Prozent. D’Zuel vun de Chômeuren ass ëm bal 4.000 Persounen, op 16.288 Leit ouni Aarbecht gewuess. Net emol d’Halschent (nämlech 7.198 Leit) vun den Demandeurs d’Emploi kritt eng Entschiedegung vum Aarbechtsamt. Grenzgänger ginn an eiser Statistik net erfaasst, si ginn an der Statistik vun hirem Heemechtsland gefouert. Besonnesch d’Entwécklung vum Jugendchômage ass alarmant. Am Juni 2013 haten 1.881 Jonker ënner 25 Joer keng Schaff. Dat entsprécht engem Taux vun 12,2%. An anere Wieder: hei zu Lëtzebuerg ass all 8. Jugendlechen ouni Aarbecht. Dat ass erschreckend, ëmsou méi wéi d‘Regierung an d’Majoritéitsparteie keng Akzenter op deem Gebitt setzen a matt hirer Politik d’Situatioun just nach verschäerfen. Der LSAP hir Pensiounsreform zwéngt d’Leit dozou 3 Joer méi laang schaffen ze goen, fir déi selwecht Pensioun wéi bis elo ze kréien. Déi Jonk mussen deemno 3 Joer méi laang waarden, bis déi Aarbechtsplaze fräi ginn. Esou bekämpft een de Jugendchômage net. déi Lénk hat sech als eenzeg Partei resolut géint déi Pensiounsreform am Parlament gewiert. déi Lénk fuerderen, d’Iddi vun der Aarbechtszäitverkierzung erëm ze thematiséieren an, ganz nom Solidaritéitsprinzip, d’Aarbecht op déi Leit ëmzeverdeelen, déi drop ugewise sinn. déi Lénk verlaangen d’ëffentlech Gelder esou anzesetzen, dass Aarbechtsplaze laangfristeg ofgeséchert oder neier kënne geschaaft ginn. Ennerstëtzt déi Lénk den 20. Oktober !
Posted on: Mon, 12 Aug 2013 22:05:32 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015