KOMMENTAR haut um Radio 100,7 D’ Revelatioune gëscht vum - TopicsExpress



          

KOMMENTAR haut um Radio 100,7 D’ Revelatioune gëscht vum Radio 100,7, dass de Stay Behind-Dossier am SREL 2007 méiglecherweis truquéiert gouf wäerft eng Rei Froen am Kontext vum Bommeleeërprozess op. Soll d’Stay Behind-Thees, déi d ‘Défense vertrëtt mat deene méigleche Manipulatiounen ënnermauert, oder awer villäicht futti gemaacht ginn, déi Fro stellt sech de Jean-Claude Wolff haut am Kommentar: Wann et dann eng Manipulatioun oder eng absichtlech falsch geluechte Spur ass, dann wier dat nët déi éischte Kéier am bal 30 Joer ale Bommeleeërdossier. Wien och ëmmer d ‘Bommeleeër woren, an et wor jo mat Sécherheet nët keen, fir et mat de Wieder vum Robert Biever ze soen, sou hunn déi schonns an de spéiden 80er Joere mat der gezielt bei der Press gestreeter Spur vum groussherzoglechem Haff et fäerdeg bruecht, d ’Enquête mat engem gewësse Succès ze behënneren an op mannst ze bremsen. Kéint et elo mat der Stay Behind-Spur déi der Défense an dem Geriicht mat schéiner Regelméissegkeet supposéiert gëtt nët ëm en ähnleche Manöver handelen? Auszeschléissen ass et nët. Wann ee bedenkt, dass déi ganz SREL-Affaire pënktlech e puer Méint viru Prozessoptakt lancéiert gouf. Wann ee bedenkt, dass déi Spur duerchaus plausibel ass. Wann ee bedenkt, dass den Dossier géint déi zwee Ugekloten extrem dënn ass, an dass jo och d’Stay Behind-Spur déi zwee Ugekloten nët muss ausschléissen. Dass d ‘Défense op déi Spur drop spréngt ass de bonne guerre. Hir Aufgab ass et jo schliisslech nët, d ‘Wourecht erauszefanne, mee hir Mandanten ze entlaaschten. Deen oder déi, déi méiglecherweis d ‘Spur Stay Behind aus iergendengem däischteren Hannergrond eraus propagéieren, kéinten sech dat ganz gezielt zu notze maachen. Wann een nämlech weess, dass et ee Beräich am Staat an an der Welt gëtt, deen zou ass wéi eng Auster, nämlech d ‘Geheimdéngschter, da kann een dovun ausgoen, dass et op der Stay Behind-Spur effektiv nëmme bis op ee Punkt ka goen, an dann nët méi weider, fir et dës Kéier mat de Wieder vum Pierre Reuland ze soen. Ouni wëllen der Cour Constitutionelle virzegräifen kann ee realistesch dovun ausgoen, dass de SREL, a méi nach déi auslännesch Partnerdéngschter vum Lëtzebuerger Geheimdéngscht nimools eppes Belaaschtendes fräi ginn, egal wat e Lëtzebuerger Geriicht ordonnéiert. An dann huet d ‘Défense e liicht Spill. Bei dënner Beweislaascht géint d’ Ugekloten, a an an der Onméiglechkeet Zougank zu potentiellem Entlaaschtungsmaterial ze kréien bleift da wuel nëmmen e Fräisproch aus prozedurale Grënn. Wat dann déi wierklech Bommeleeër wuel definitiv à l’abris vun all Poursuite géing bréngen . 100komma7.lu/lu/d-archiven-vum-radio-100,7/archiv/programmesemissionfiche/n_241814/moies-panorama
Posted on: Thu, 03 Oct 2013 08:07:43 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015