Resumé vum Dag : Haut si mer de 16ten an d’Wahlplakater - TopicsExpress



          

Resumé vum Dag : Haut si mer de 16ten an d’Wahlplakater hänken. Fannt Dir sou Plakater wichteg fir iech eng Meenung ze maachen oder éischter net ? Wann een eng Foto nieft der Schoul hänken huet, ass e bësse speziell muss ech zouginn : direkt de Moien hunn ech däerfen d’éischt op franséisch, an dunn op englesch eise Wahlsystem erklären a wéini mer wéi wat wiele ginn, an dass d’Auslänner leider dës Kéier net däerfe wiele goen, och wann se ageschriwwe sinn. Op rtl steet, dass « just 51% Vertrauen an di aktuell Regierung hunn ». Ech fannen, dass dat der nach ëmmer vill sinn ;). Mer sinn deemno nees an den Interpretatiounsdivergenzen. De Bommeleeërprozess huet haut anscheinend nees ugefaang. Meng trei FB Frënn hunn awer nach näischt doriwwer gepost, et schéngt also näischt weltbewégendes geschitt ze sinn. Beim wort kenne mer liesen, dass d’Prënzenhochzäit deene meeschte Leit egal ass. Wéi eng Prënzenhochzäit ? :D An déi franséisch Supermarchéschaîne Carrefour kritt all Joer iwwer 1 Millioun Kandidature vu Leit, déi dohi wëlle schaffe goen. Eleng fir déi ze verschaffen schaffe 60 Leit bei Carrefour : jidderee vun hinnen muss eng 16000 Kandidature geréieren.
Posted on: Mon, 16 Sep 2013 17:14:26 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015