Resumé vum Dag : what a day ! Nëmmen Organisatioun. Vun de Moie - TopicsExpress



          

Resumé vum Dag : what a day ! Nëmmen Organisatioun. Vun de Moie fréi bis elo, an et ass nach net fäerdeg. Hutt der de Koalitiounsaccord dann elo all endlech gelies ? Et ass jo utopesch ze mengen, dass wann een eppes via Mail verschéckt, dass dat dann net erauskënnt ;). Ech hunn éierlech gesot och léiwer, d’Leit beschäftege sech mam Fong wéi mat Persounen an Nimm. Iwwerdeems wou mer dann hei am Land waarden, eng nei Regierung ze hunn, komme verschidden Nouvellen aus dem Ausland, wéi zB déi, dass d’Groussregioun e Sekretariat kritt an dass dat bei eis an d’Stad kennt. An d’Stad koumen haut och de Kinnek an d’Kinnigin aus der Belsch. An elauter belsch Journalisten. Bref, et war mol nees eppes méi lass virun der Chamber ;). A Schweden ass e Mann aus dem Prisong fortgelaf, obwuel e ganz um Enn vun senger Prisongsstrof war. Hien hat d’Zänn esou wéi, dass e fortgelaf ass fir bei den Zänndokter ze goen. Dono koum e selwer nees zeréck. Se hunn dunn decidéiert, seng Prisongsstrof em 24 Stonnen ze verlängeren. Pass op !!! Net dass de e Pak op de Kapp fält. Amazon wëllt jo anscheinend geschwënn Päck mat Drohnen liwweren. Nieft dem Fait, dass dat jo à priori lëschteg kléngt, froen ech mech awer, wou dat hiféiert : mer wëllen dach all schaffen, net nëmme fir Suen ze verdéngen, mee et brauch ee jo awer e But am Liewen. Wann d’Bréiwer an d’Päck dann och geschwënn duerch d’Loft geflu kommen ouni Pilot, da brauche mer keng Bréifdréier méi an och soss gi mer all geschwënn net méi gebraucht. Ah jo, an ech ginn NET Kulturministesch.
Posted on: Mon, 02 Dec 2013 16:34:35 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015