Hei e wéineg e stëppeleche Commentaire, wou ech mengen an och - TopicsExpress



          

Hei e wéineg e stëppeleche Commentaire, wou ech mengen an och hoffen, datt en der Madame Lulling och gefale géing. Wann ons Saats- a Finanzministeren an de leschte véier Regierungen d’Landesfinanzen esou geréiert hätten wéi d‘Madame Lulling hire Gemengebudget als Buergermeeschtech zu Schëffleng, dann hätt ons Regierung 2012 e Fonds souverain vun ongeféier 6-7 Mia € gehat a keng Milliardeschold. Ech ka mir och gutt virstellen, datt d‘Madame Lulling deene Regierungen do virgeschloen hat, esou Reserven unzeleeën. A wann si elo mengen, d‘Madame Lulling wär ze wär al fir e politesche Mandat, da kéint ee soen, wann een déi op deem Gebitt mat hir vergläicht, ons Staats- a Finanzministeren wären an de leschte véier Regierungen nach net dréche genuch hannert den Ouere gewiescht.
Posted on: Thu, 20 Mar 2014 08:54:21 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015