Mier wollten onser Clientèle Merci soen , dass mir ëmmer een - TopicsExpress



          

Mier wollten onser Clientèle Merci soen , dass mir ëmmer een Mandat exklusive kréien fir hier Haiser oder Appartementer ze verkafen. Clienten vertrauen ons. An dat mécht ons immens Freed. An der zéit huet ons Agence oft ouni Mandat geschafft, mee leider ginn et ëmmer mäi Agencen déi mengen si missten bei Proprietairen schellen goen fir ze probéieren ons Agence ze ëmgoen, an fir Objeten an Vente ze kréien. Bis elo hunn eis Proprietairen nach ëmmer direkt doriwwer informéiert. Dowéinst un verschidden Konkurrenten. Et huet keen wäert an dier braucht iech déi Arbescht net ze maache, well et bréngt absolut näischt. An dësem Beruff an deier Meenung war mier nach ëmmer muss FAIR PLAY grouss geschriwwen ginn. Et ass een schéine Beruff an et soll och fair geschafft ginn. Nach eng kéier een groussen Merci un eis Clienten an Partner mat deene mir ganz gutt zesummen schaffen. Vill Clienten kommen ëmmer erem op eis zréck sief et fir hier Kanner oder fir Frënn an bekannten, an dat seet ons dassen si zefridden sinn. Et gëtt ons elo gläich 10 Joer, an mir probéieren weiderhin alles ze maachen fir dat ons Clientèle zefridden ass. Cindy an Gilles DIEDERICH IMMOBILIERE DIEDERICH SA
Posted on: Wed, 31 Jul 2013 17:52:03 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015