POST vs. TANGO Dann frees de dech op deen neien iphone 5S, gees - TopicsExpress



          

POST vs. TANGO Dann frees de dech op deen neien iphone 5S, gees mol Präisser vergleichen vun POST an TANGO an wonners dech... Dann riffs de bei dein aktuellen Opérateur (an desem Fall dPOST) op dHelpline un, an frees ganz onverbindlech wei et kann sin dat et do net nemmen beim Uschafungspreiss fier den 5S 64GB mat engem 75er Abo/12Meint (329€ bei der POST an 239€ bei TANGO) mee och beim Tarif selwer (bei Tango as den 4G an 150min resp 150 SMS an dAusland inclus) sou grouss ennerscheeder get... Dann seet die fein Madame um Telefon, Präisser geifen vun der Direktioun festgeluecht gin an net vun hinnen an sie wieren eng national Gesellschaft an keen internationalen Konzern an dofier keinten sie mat deenen Präisser net mathaalen. Op dFro op se dann vleit drun denken fier evtl trotzdem Konkurrenzfäheg Präisser/Tarifer ze maan, get et beemol en aanert Argument: Den Service um Client deen POST den Clienten bidd misst jo awer och bezuelt gin, schliesslech wieren sie 24/7 fier hier Clienten do an et geif een emmer schnell eng äntfert kreien, wou een bei aaneren Operateuren eiweg geif warden. Daat Argument konnt ech leider net gellen loossen, well ech ufanks des Joer Problemer mam Réseau haat, meng SIM Kaart X mol getosch hun, 3 verschidden Iphonen haat (4S, 5, an rem en aaneren 4S) an den Problem emmer na net behuewen war... Ech hun dun am Februar an am März 2013 zwee mol en Dossier opmaan geloos fier dat een meng Leitung soll iwwerpreiwen fier deen Problem endlech an den Greff ze kreien. Daat ganzt huet dann lo bis an den SEPTEMBER 2013 gedauert bis mol en Techniker iwwerhaapt ugeruff huet, an wei ech em den Problem erklärt hun, soot en ech sollt mol emmer opschreiwen weini genau an wou genau daat emmer wier, thats it... Daat Argument vun der Madame vun der POST soumadder ausser Kraaft gesaat kreien ech dann gesoot, daat waer eben sou. Wei ech dun soot da geif ech evtl. an betracht zeihen bei Tango ze wiesselen, kruut ech als äntfert: DAAT AS JO AERT GUDD RECHT !!! Schengt wei wann Post genuch Clienten haet an keen service um Client mei misst maachen... Affaire à suivre...
Posted on: Fri, 25 Oct 2013 08:48:42 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015