Resumé vum Dag : bon, lo relaxéiere mer eis emol nees, d’Wahle - TopicsExpress



          

Resumé vum Dag : bon, lo relaxéiere mer eis emol nees, d’Wahle sinn eréischt an 3 Méint an ech hat ni wëlles an hunn net wëlles hei Wahlpropaganda ze maachen. Dofir dann elo mol di wierklech wichteg Nouvelle : ët ass e Bouf. Ouni Numm. An dem Ketty seng Mamm an seng Schwëster hunn net dierfen an d’Salle d’accouchement eran. Wann ee sech dat bildlech virstellt : d’Mamm, d’Schwëster an och nach waméiglech e Minister, deen der nokuckt wanns de accouchéiers. Irgh. En attendant ass d’Qualitéit vun den Moules de Zélande vill besser ginn, wéinst dem gudde Wieder di lescht Wochen. No de Moustiquen gëschter gellt di franséisch Alerte orange haut fir d’Donnerwiederen. An an 3 Deeg wärt da wuel eng Alerte rouge fir d’Autobunne kommen… trop d’alertes tuent l’alerte. Contrairement zu deem, wat bis ewell geduecht gouf, halen long distance Relatiounen méi laang wéi di aner : d’City University vun Hong Kong an d’amerikanesch Cornell University hunn Etudë gemaach an hunn erausfonnt, dass déi Koppelen, déi wäit vunenee wunnen, méi laang halen. Merde, de Robi ass grad nieft mer. A fir dass short distance och besser hält, huet di däitsch Firma SISSEL® e Këssen erfonnt, op deem een anscheinend net schnaarcht. (Be)weise gëllt !;)
Posted on: Tue, 23 Jul 2013 16:02:35 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015