AUSLANDSCHRONIK um RADIO 100,7 Zanter dëser Woch ass et - TopicsExpress



          

AUSLANDSCHRONIK um RADIO 100,7 Zanter dëser Woch ass et offiziell, an international unerkannt: A Syrie gouf Gëftgas agesat, an dat ass e Krichsverbriechen. Nët eens ass sech déi international Communautéit, wien dann elo dee Gëftgas agesat huet. Déi Fro ass objektiv nët esou einfach ze beäntwerte wéi dat elo gär duergestallt gëtt, mengt de Jean-Claude Wolff haut an onser Auslandschronik: Et geet nët nëmmen duer no de Beweiser ze sichen, dass et e Verbriechen oder Krichsverbrieche geschitt ass, wëll een déi Responsabel zur Rechenschaft zéien, da musse een och no Beweiser fir hir Schold a Responsabilitéit siche. Woubäi mer jo kierzlech geléiert hunn, dass een duerchaus ka responsabel sinn, ouni schëlleg ze sinn. E wichtege Prinzip fir de schëllege vun engem Verbriechen ze fannen, ass d ‘Fro vum réimesche Philosoph Seneca: Cui Prodest. Op franséisch: a qui profite le crime? Wann een nom “Cui Prodest” vun der Gëftgasattack a Syrie freet, da kënnt engem d’ Äntwert guer nët méi esou spontan a séier, wéi dat bei de Vetomuechten USA, Groussbritannien a Frankräich de Fall ass. Do kënnt een da séier zur Konklusioun, dass bei der séierer Scholdzouweisung un den Assad-Regime éischter geopolitesch Muecht-Iwwerleeungen eng Roll gespillt hunn amplaz eng déifgräifend Analys. Dass déi russesch Positioun genee esou aus geopoliteschen Ursaachen eraus definéiert ass och nët ofzestreiden, ëmmerhin huet Russland an der syrescher Hafestad Tartus säin eenzegen technesche Marinestëtzpunkt am Mëttelmier. Wat mat engem anere Regime nët méi garantéiert wier. Trotzdem as déi russesch Argumentatioun duerch de Brëll vum “Cui Prodest” gekuckt nët onlogesch. Zanter bal zwee Joer schonns fuerderen déi syresch Rebelle vun deene vill Gruppe vun de räiche Golfemirater a vu Saudiarabie finanzéiert gi schonn eng auslännesch Militärinterventioun fir se am Biegerkrich ze stäipen. Bis elo huet de Westen ëmmer nëmme gedrot, a gesot, nach wier eng sougenannte Rout Linn nët iwwerschratt, dat wier eréischt de Fall, wa Massevernichtungswaffe géingen agesat ginn. An do huet et dann dach awer erstaunt, dass grad deen Ament Gëftgas zu Damaskus an nët zum Beispill an e Rebellenhéichbuergen Hama oder Homs agesat gëtt, a grad deen Ament wou UNO-Waffeninspekter a Syrie woren, zu Damaskus, e puer Kilometer Loftlinn vun der Gëftgasattack ewech. D ‘Argument, dass de Regime Gëftgas huet, wat bekannt wor an ass, an dass d ‘Rebelle keng esou Waffen hätten, ass nëmmen e schwaacht Argument. Mat Geld as op den internationale Waffemäert bal alles ze kréien, a Geld kréien d ‘Rebelle genuch aus dem Ausland. Ech wëlle hei nët d ‘Theorie opstellen, dass den Assad-Regime onschëlleg ass, an dass d ‘Rebellen, egal op dat déi intern Oppositioun oder déi vun Al Kaida ënnerstëtzten Al Nusra Front ass déi Béis sinn. Sécher as, dass et, wann et dann iwwerhaapt an dësem Konflikt solle Gudder ginn, et xmol méi béiser wéi gudder gëtt. Doriwwer, wien dann elo dat klengert oder gréissert Iwwel ass, gëtt kaum bis guer nët nogeduecht, schonns laang nët méi gëtt déi onpolitesch Zivilpopulatioun, déi am meeschten ënnert dem Krich leid, nët méi gefrot, si gëtt einfach als Flüchtlingen an d ‘Ausland gejot. An d ‘Gefor ass grouss, dass um Enn en neien Irak oder en neit Afghanistan entsteet. Wat ongläich méi geféierlech fir de Weltfridden ass, well dann Al Kaida an déi radikal Islamisten eng éischte Kéier um Ufer vum Mëttelmier an un der direkter Grenz mat Israel sëtzen.
Posted on: Thu, 19 Sep 2013 09:59:57 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015