HAPPY NEW YEAR! e gudde Start an dat neit Kierchejoer - TopicsExpress



          

HAPPY NEW YEAR! e gudde Start an dat neit Kierchejoer gewënscht! „HÄTTE ICH ABER DIE LIEBE NICHT... …wäre ich dröhnendes Erz oder eine lärmende Pauke.“ (1. Kor 13,1) Dëse Saz vum Apostel Paulus - dacks an der Liesung bei Houchzäiten - wëllt ons weisen, wouropp et wierklech am Liewen ukënnt. Wat ass e Liewen ouni Léift? Wat sinn ech, wann ech keng Léift hunn? Näischt ausser Kaméidi! Erliewe mir net dagdeeglech, wéi aarmséileg eng Welt ass, wou d’Léift ëmmer manner geliewt gett? Gesi mir net, wéi d’Feele vu Léift d’Mënschen ëmmer nees méi ausenaaner dividéiert: Familjen, déi zerbriechen. Natiounen, déi Krich an der Terror erleiden. Mënschen, déi um Altor vu Profit oder Plësséier geaffert ginn. Wéivill dovunner ass just „dröhendes Erz oder lärmende Pauke“, wat ons Dag fir Dag als Wee vum Gléck proposéiert gett? Och an der Kierch erliewe mir, datt vill Schlëmmes a Béises geschitt, wëll et muncherengem un däer néideger Léift feelt. An zu Lëtzebuerg, d’Kierchen, déi ëmmer méi eidel, d’chrëschtlech Gemeinschaften, déi ëmmer méi kleng ginn: Och dat sinn Zeeche vu Léift, déi am gaang ass ofzehuelen. Wéi dack gett d’Kierch just als e Kaméidismëcher ouni Fong wouergeholl? Am Wëssen „Wir sind Kirche“ muss jidderee vun ons sech di Fro stellen: Wéi steet et da mat der Léift a mengem Liewen? Wéi steet et mat der Léift a menger Aart a Weis de Glawen ze liewen? Ass do iwwerhapt Léift oder ass dat just e Konsum vu Ritus wéi et grad passt oder eng abergläubeg Assurance tous-risques fir Zäit an Éiwegkeet? Dofir d’Fro un ons, Chrëschten: Wéi hunn ech et da mat der Léift? Onser Här an Heiland huet ons jo di „Gëlle Regel“ mat op de Wee ginn: „Das erste ist: Höre, Israel, der Herr, unser Gott, ist der einzige Herr. Darum sollst du den Herrn, deinen Gott, lieben mit ganzem Herzen und ganzer Seele, mit all deinen Gedanken und all deiner Kraft. Als zweites kommt hinzu: Du sollst deinen Nächsten lieben wie dich selbst. Kein anderes Gebot ist größer als diese beiden.“ (Mk 12,29-34). „Gott ist die Liebe.“ Dat ass d’Botschaft vun deem Jesus Christus, op deem säi Gebuertsfest mir ons lues a lues virbereeden. Am Kand an der Krëpp ass dëse Gott aus Léift Mënsch ginn. D’Christ-Kinnéksfest an d’Adventszäit erënneren ons eewer och: Den Härgott wäert kommen fir a senger Léift des Welt zur Vollendung ze féieren. An der Gemeinschaft vum dräifaltege Gott, déi d’Léift ass, huet all Liewen säin Ursprung a säin Ziil. Onsen H.H. Äerzbeschof invitéiert d’Katholiken am Lëtzebuerger Land dest Aarbechtsjoer ganz intensiv „sech zu Christus ze bekéieren.“ Jo, wa mir als Kierch wëlle lieweg bleiwen, wa mir net wëllen, datt ons Gemeinschaften an den Dierfer an d’chrëschtlecht Liewen ausstierwen, dann ass eng grouss Erneierung an der Léift fälleg! Soss gesinn ech keng Zukunft fir d’Kierch an onsem Land, ma virun allem och an onsen Dierfer. Datt et net weidergeet, wéi et laang ëmmer gaang ass, gesinn a spiere mir iwwerall an der Kierch. De Wee zur Erneierung ass just méijlech, wa mir Mënschen a Gemeinschafte ginn, déi nach vill méi staark vu Léift geprägt sinn: Léift zum Härgott a Léift zum Matmënsch – wéi Jesus Christus et ons virgeliewt huet! Wa mir de Wee vum Glawen voll Hoffnung an der Léift ginn, da brauch et ons virun der Zukunft net baang ginn – och wa wuel vu bausse mat de geännerte politesche Konstellatiounen gäer genuch munch Changementer op ons Kierch duerkomme wäerten. Wann ons Gemeinschaften wierklech Gemeinschafte vu Léift sinn, dann ass dat och weiderhinn eng Plus-value fir ons Gesellschaft, déi et sech ënnerstetze lount. Wann de Reliounsunterricht eng Plaz ass, wou ee mam Kenneléiere vum Härgott an eng Schoul vu Léift goe kann, da sinn et just Leit ouni Léift, déi deen ofschaafe wëllen. Fir eng gutt Zukunft vun alle Mënschen – op der Welt, am Land, an der Kierch, an Familjen - sief drunn erënnert: Die Liebe ist langmütig, die Liebe ist gütig. Sie ereifert sich nicht, sie prahlt nicht, sie bläht sich nicht auf. 5Sie handelt nicht ungehörig, sucht nicht ihren Vorteil, lässt sich nicht zum Zorn reizen, trägt das Böse nicht nach. Sie freut sich nicht über das Unrecht, sondern freut sich an der Wahrheit. Sie erträgt alles, glaubt alles, hofft alles, hält allem stand. Die Liebe hört niemals auf. (1 Kor 13,4-8) Gi mir de Wee vun der Léift! Da gi mir de Wee vu Jesus Christus! Luc Schreiner, in Christo, Parbréif fir de Parverband Ennersauer 7/2013
Posted on: Sat, 30 Nov 2013 17:20:10 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015