Resumé vum Dag : Bitstrips ass wuel d’Wuert vum Dag. Gëschter - TopicsExpress



          

Resumé vum Dag : Bitstrips ass wuel d’Wuert vum Dag. Gëschter nach duecht ech, ah nee, dee Quatsch méchs de awer net matt an haut, zack, hunn ech geduecht ech misst dat dann awer mol probéieren. Well meng richteg, very close FB friends dat gemaach hunn, wollt ech och. Am Fong witzeg, j’avoue. Lo hunn ech haut dach net tatsächlech gelies, dass Facebook de « Like » well ofschafen. Non mais ! Se wëllen de « Like » an de « Share » zesummeleeën. Bon, t’ass souwisou à prendre ou à laisser, an e puer Wochen ass et dann esouwäit. Den Highlight vum Dag bis elo war natierlech dem Jean-Luc säin Highlight. Zu Reims schummen se sech den Ament an der Gemeng, well se den Numm vum fréiere President falsch geschriwwen hunn op engem Schëld : « Esplanade François Mitterand ». Eieiei, Mitterrand kritt 2 T, awer och 2 R ;). D’Lëtzebuerger ginn anscheinend 825 Euro aus fir Chrëschtdag. Wéi fannen se esou eppes eraus ? A wat ass alles an den 825 Euro dran ? An Däitschland hunn se mol nees eng Etude gemaach iwwer Fraen a Kannerkréien : do kennt eraus, dass ëmmer manner Frae Kanner wëllen, an dass zu Hamburg 1/3 vun de Frae keng Kanner hunn. Dobäi si Kanner jo awer esouuuu witzeg, wéi dëse Buzz weist, deen den Ament op Internet zirkuléiert. T’ass e Bréif vun engem Bouf u seng Klassekomerodin : « Léift Ashley, wëlls de w.e.g. mat mer goen ? Ech hunn dech ganz gär. Jo-Nee-Vläicht. » D’Ashley huet « nee » ugekräizt, a schreift drënner : « Et deet mer leed, mee ech hu schonn e Frënd, de Kyle… Mee wa Schluss ass mat him, bass du mäin nächste Choix . P.S. : dat wäert wuel an engem oder zwee Méint de Fall sinn ». Tout vient à point à qui sait attendre…
Posted on: Thu, 07 Nov 2013 17:31:45 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015