+ + + Panorama 07:00 - 18.11.2013 + + + D’lëtzebuerger - TopicsExpress



          

+ + + Panorama 07:00 - 18.11.2013 + + + D’lëtzebuerger Zentralbank léisst am Moment hire Besoin un zousätzlechem Kapital ré-evaluéieren. D’Anne Brasseur, bis kierzlech Presidentin vun der Budgets-Kontrollkommissioun, huet 100,7 Informatiounen confirméiert, datt déi geplangten Kapital-Erhéijung vun der BCL, duerch extern Experten nei berechent gëtt. D’Anne Brasseur begréisst d’Iddi vun enger neutraler Analys, well dann souwuel Finanzministère an Zentralbank sech kéinten Eens ginn. Am September d’läscht Joer hat den 100,7, en “avant-projet de loi” verëffentlecht, deene no d’Kapital vun der BCL soll vun aktuell 175 Milliounen Euro op 1,5 Milliard erhéicht ginn, dorënner 900 Milliounen Euro déi liberéiert wieren. Dofir wieren ongeféier 200 Milliounen Euro frëscht Kapital vum Staat néideg,...de Rescht géing duerch “Transfert vun Depôten” erreecht ginn, wat deemno de Budget vum Staat net géing affektéierten.
Posted on: Mon, 18 Nov 2013 07:12:35 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015