DVitesse mat der déi nei Regierung gebild gëtt ass schon - TopicsExpress



          

DVitesse mat der déi nei Regierung gebild gëtt ass schon erstaunlech. DFro déi een sech ka stellen, gëtt all Sujet esou détailléiert ausdiskutéiert datt all eenzelnen Punkt an dProgrammatik vun deene jeweilegen Koalitionäre passt oder gëtt de Koalitiounsaccord éischter eng onduerchsichteg Mogelpackung déi vordergründeg op gesellschaftspolitesche Sujeten fousst an déi strukturell Reformen just um Rand stréift...? Gi konkret Aussoe getraff wéi de Statsbudget an den Equiliber soll bruecht ginn..? Eng Hausse vun der TVA schengt jo keen vun deenen 3 méi a Fro ze stellen, virun de Wahlen huet dat nach besschen anescht geklongen...! Am Koalitiounsaccord wäerten secherlech am Beräich vum Sanéieren vun de Statsfinanzen Fachbegreffer wéi screening oder zero based budgeting stoen, wat dat am prakteschen awer heescht bleiwt ofzewarden. De Logement an de Fonctionnement vun de Gemengen sinn dëser Deeg aner Sujeten um ordre du jour vun de Gambia-Koalitonären. Wat de Wunnengsmaart ugeet sinn ech gespant wéi déi nei Rezepter an Zukunft sollen ausgesinn...? Eng nei Wunnengsbaugesellschaft respektiv een Zesummelëen vun de Ministèren déi am Beräich vum Urbanismus schaffen kéinten interessant Pisten sinn...! Loosse mir ofwarden wéi de ganzen Accord wäert ausgesinn, ech frëen mech op allefall op den éischten Débât an der Chamber.
Posted on: Sat, 23 Nov 2013 16:38:42 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015